Déi 12 Stärenzeechen

Widder

RTL - 22.12.2009, 17:14

Wann de Widder eng Figur an engem Märche wär, da wär hee mat Sécherheet de stolzen an daapere Ritter. Hee probéiert ze hëllefe wou Nout ass. Soubal d’Situatioun sech berouegt huet an alles gekläert ass, langweilt hee sech a versicht sech aus dem Stëps ze maachen. Säi Planéit ass de Mars,


Stéier

RTL - 22.12.2009, 17:13

De Stéier gëtt vum Planéit Venus regéiert. An der Mythologie steet d’Göttin Venus fir d’Léift a fir d’Schéinheet. Si leet vill méi Wäert op de Pleséier wéi op déi lästeg Aarbechten. Hie verléisst sech op materiell Sécherheete wéi antik Miwwelen, Konschtwierker oder ...


Zwilling

RTL - 22.12.2009, 17:12

An éischter Linn erkennt een den Zwilling u senger witzeger a charmanter Aart ze kommunizéieren. Probéiert awer net heen unzestrécken. Egal wéi fest an deck d’Seel ass dat Dir benotzt, hee fënnt ëmmer eng Méiglechkeet sech lass ze rappen. Heen ass liicht ze


Kriibs

RTL - 22.12.2009, 17:11

De Kriibs gëtt vum Mound beherrscht. An esou wéi dee fir Ebbe a Flut verantwortlech ass, ass heen et och fir dem Kriibs seng wiesselnd Stëmmungen, Wënsch a Gefiller. Hannert enger haarder Schuel verstoppt heen e mëlle Kär. Heen ass ganz op seng Famill an op d’Traditioun bezunn a sammelt all


Léiw

RTL - 22.12.2009, 17:10

Den Image vum Léiw ass ganz offensichtlech. Heen ass de Kinnik vun den Déieren, allzäit bereet de Géigner nidderzeschloen an hee gëtt gär ugehimmelt. Hee mécht och alles fir dass dëst Bild vun him bestoe bleift a wär mat Sécherheet dee leschten dee giff zouginn, dass d’Wierklechkeet och


Jongfra

RTL - 22.12.2009, 17:09

Den ale Klischee dass d’Jongfraen uerdentlech sinn, en ausgeglachene Bankkonto hunn a fir hiert Liewe gär botzen, kënne mir direkt vun Ufank un opginn. Et gëtt oft behaapt Perfektionnismus wär hir ënnerlech Motivatioun, wat awer nëmmen op e geréngen Deel vun


Wo

RTL - 22.12.2009, 17:08

D’Wo gëtt vum Planéit Venus beherrscht, déi an der griichescher Mythologie fir Schéinheet a Léift steet. Si huet och ganz präzis Virstellunge wéi eng perfekt Relatioun ausgesäit. An hirer Idealwelt ass alles ausgeglach, symetresch an harmonesch. Fir si muss d’Léift e gewësse Stil ...


Skorpioun

RTL - 22.12.2009, 17:07

De Skorpioun ass mat Ofstand dat komplizéiertst Stärenzeechen. Hee selwer hëlleft senge Matmënschen och net d’Rätsel ze léisen. Et gefält him geheimnisvoll ze sinn. Hannert senger Tarnung, déi iwweregens excellent ass, verstoppt sech e ganz sensibele Kär. Hee léisst sech ganz liicht vun


Schütze

RTL - 22.12.2009, 17:06

De Schütze schéisst säi Feil op en Zil dat wäit an der Zukunft läit a verbréngt e groussen Deel vu sengem Liewen domat no dësem Feil ze sichen. Déi éischt Fro ass, ob hee genee geziilt huet. An déi nächst, ob e säi Feil jeemools wäert erëm fannen. Fir


Steebock

RTL - 22.12.2009, 17:05

De Steebock schafft vill a plot sech och mat Klengegkeeten.   Heen erfuerscht fir säi Liewe gär Geheimnisser an ass awer dobäi ëmmer ganz virsiichteg. Et ass net sou liicht de Steebock wierklech ze kennen. Oft huet hee schonn am jonken Alter geléiert, fir d’éischt deen anere seng Kaarte ...


Waassermann

RTL - 22.12.2009, 17:04

De Waassermann huet Idealer vu Léift a Bridderlechkeet. Heen huet mat Wëssenschaft, Wäisheet an Entdeckungen ze dinn, déi d’Mënschen an de kommende Jore gënschteg beaflosse wäert. Heen ass ganz ongedëlleg an onflexibel a muss säin Ideal direkt vrun Aen hunn. Sozialaarbecht, ...


Fësch

RTL - 22.12.2009, 17:03

Keen anert Zeechen änelt esou vill engem Chamäleon wéi de Fësch. Heen ass villschichteg an huet domat eppes u sech, wat begeeschtere mä awer och fuerchtbar nerve kann. Well hee Charakterzich vun alle Stärenzeechen huet, freet ee sech wéi de richtege Fësch da lo wierklech ass…D'Neigung vum