Dageshoroskop vum 23/05/2013

Widder - 21. Mäerz bis 20. Abrëll
De Widder wëll net allzevill ënnerhuelen. Déi lescht Deeg ware relativ ustrengend an Dir kënnt Iech och mol eng Kéier flaach leeën an d’Luucht aus kucken.

Stéier 21. Abrëll bis 20. Mee
De Stéier huet all Hänn voll ze dinn. Näischt ass Iech haut zevill a souguer d’Aarbecht mécht Iech Spaass. Är Kréativitéit gëtt gelueft.

Zwilling 21. Mee bis 21. Juni
Den Zwilling duerf sech op e relaxe Feierowend freeën. Egal ob Dir Iech dreiwe loosst oder en Ausflug plangt, et gëtt alles ouni Stress.

Kriibs 22. Juni bis 22. Juli
De Kriibs huet absolutt keng Loscht doheem setzen ze bleiwen. Egal op alleng oder mat Frënn, Dir wellt eraus an eppes Flottes erliewen.

Léiw 23. Juli bis 23. August
De Léiw soll sech elo wa méiglech e Plang maachen an da Schrëtt fir Schrëtt virgoen. Esou hutt Dir herno besser Chancen op e gutt Resultat.

Jongfra 24. August bis 23. September
D’Jongfra sollt, wann d’Wieder matspillt, roueg mol nees e klengen Ausflug mat der Famill plangen, dat bekënnt Iech all gutt.

Woo 24. September bis 23. Oktober
D’Woo hat grouss Pläng fir, mee haut spiert Dir dass Dir virun allem eent braucht: nämlech eng Paus an Är Rou.

Skorpioun 24.Oktober bis 22. November
De Skorpioun léisst sech vun eppes verféiere, wat en nach net kennt. Maacht roueg mol Saachen déi Dir schonn ëmmer maache wollt.

Schütze 23. November bis 21. Dezember
De Schütze erlaabt sech endlech och mol eng Kéier eng Paus ze maachen. Dir sidd souwisou ze midd fir Iech fir eppes ze begeeschteren.

Steebock 22. Dezember bis 20. Januar
De Steebock kritt vum Mound d’Aen opgemaach fir dat Schéint a fir d’Gléck. Dat ass eng grouss Saach an Dir erkennt et lo méi séier.

Wassermann 21. Januar bis 19. Februar
De Wassermann ass mat senge Gedanken am Aklang an Dir entspaant a genéisst den Dag. Dir gidd just rose wann een Iech ënner Drock setzt.

Fësch 20. Februar bis 20. Mäerz
De Fësch kann sech wonnerbar mat anere Leit ënnerhalen. Dir gidd och Neies gewuer a verbréngt wierklech schéi Stonne mat léiwe Leit.