Joreshoroskop 2013: Steebock (22. Dezember bis 20. Januar)

RTL - 02.01.2013, 10:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.01.2013, 14:46

Als Steebock plangt Dir all Rees wäit am Viraus. Dir sidd beschtens equippéiert an iwwerloosst näischt dem Zoufall. 2013 kéint dat sech awer änneren. Dir fillt, datt sech eppes an Ärem Liewe muss änneren an Dir wëllt och keng Éiwegkeete méi drop waarden.

Dir wäert awer net eleng op déi - bildlech oder reëll - Rees goen, schliisslech ginn et Mënschen an Ärem Liewen, déi Iech zevill bedeiten, datt Dir si einfach esou kéint zréckloossen. Ma och, wann Dir Iech am neie Joer méi vun Ärem Bauchgefill leede loosst, sou bleift Dir awer en tippesche Steebock. Dir wäert wuel kaum vun haut op muer de Mount Everest eropklammen, an awer sicht Dir Iech nei, héich Ziler.

2013 stinn Är Stären an der Léift gutt. Sollt Dir Single sinn an Iech frësch verléiwen, hutt Dir awer besser realistesch ze bleiwen an net direkt op d'Wollek Nummer 7 klammen.