Guillaume & Stéphanie: Den Haff annoncéiert d'Verlobung
RTL - 26.04.2012, 08:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.04.2012, 17:32 | 35 Commentaire(n)
Haff a Premier hunn um Donneschdeg d'Verlobung an d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume mat senger Frëndin Stéphanie de Lannoy annoncéiert.


E Freideg ëm 11.30 Auer ass eng Receptioun am Palais, dat ass dann den éischten offizielle Kontakt vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel mat ë.a. Regierung, Chamber, Staatsrot, Nuntius, den Ambassadeuren aus Däitschland an der Belsch.
Pressekonferenz: De Jean-Claude Juncker mat Detailer (26.04.2012)Déi komplett Pressekonferenz kucken |
Felicitatiounsbuch - Accès fir de Public
Vu samschdes, 28. Abrëll bis freides, 4. Mee 2012 (dënschdes, 1. Mee zou) vun 10.00 bis 17.00 Auer.
- Palais Grand-Ducal (Salle de la Balance): Accès duerch den Haapt-Portail vum Palais
- Château de Berg (Poste de Police), Haapt-Portail vum Schlass
- Château de Fischbach (Poste de Police), Haapt-Portail vum Schlass
Ierfgroussherzog Guillaume: Verlobung um Freideg 27. Abrëll (26.04.2012)Offiziell annoncéiert gouf en Donneschdeg d'Verlobung vum Ierfgroussherzog Guillaume mat senger Frëndin Stéphanie de Lannoy. |
Mat grousser Freed
Den Haff hat d'Informatioun vun der Verlobung ewell um Donneschdegmoie géint 8.45 Auer confirméiert.
LE MARECHALAT DE LA COUR COMMUNIQUE :
Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, ont la très grande joie d’annoncer les fiançailles de Leur fils, Son Altesse Royale le Prince Guillaume, Grand-Duc Héritier, avec la Comtesse Stéphanie de Lannoy.
Palais, le 26 avril 2012

De Grand-Duc héritier hat schonn op RTL Radio Lëtzebuerg an der Emissioun "Background am Gespréich" vum 12. November 2011 zu sengem 30. Gebuertsdag éischt Hiweiser ginn ...
|
Déi 28 Joer al Stéphanie de Lannoy kënnt aus enger illustrer adleger Famill aus dem belschen Hainaut an ass d'Duechter vum Philippe, comte de Lannoy, an dem Alix della Faille de Leverghem. Si ass dat Jéngst vun am ganzen 8 Kanner, huet Germanistik zu Louvain-La-Neuve studéiert an huet e Master zu Berlin gemaach. D'Gräfin schwätzt fléissend Däitsch a Russesch.
Den Ament wunnt déi zukünfteg Groussherzogin zu Bréissel, mä vläicht geschwënn jo dann zu Lëtzebuerg.

Déi franséisch Zäitschrëft "Point de Vue" hat schonn Enn 2011 iwwert d'Bezéiung tëscht dem Ierfgroussherzog Guillaume an der Stéphanie de Lannoy bericht.
Stéphanie de Lannoy - Frëndin vum Ierfgroussherzog? (23.11.2011)De franséischen Point de Vue schreift, dass déi belsch Comtesse Stéphanie de Lannoy d'Frëndin ass vum Ierfgroussherzog Guillaume. |
Portrait vum Grand-Duc Héritier Guillaume (1) (09.11.2011)Den 11. November kritt de Grand-Duc Héritier 30 Joer. An deem Kontext huet e Kamerateam vun RTL den Trounfolger dierfe vu méi no suivéieren. |
Portrait vum Grand-Duc Héritier Guillaume (2) (10.11.2011)Den 11. November kritt de Grand-Duc Héritier 30 Joer. An deem Kontext huet e Kamerateam vun RTL den Trounfolger dierfe vu méi no suivéieren. |

Är Felicitatiounen