Twilight: Éischt Fotoen vun der kompletter Cullen Famill

RTL - 15.06.2012, 11:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 10:47 | 0 Commentaire(n)

Spannend huet se opgehalen, ma net manner spannend geet et weider: Riets ass vum leschten Deel vun Breaking Dawn, mat éischte Biller vum Bella sengem Kand.

Um Cover vun der amerikanescher Zeitung "Entertainment Weekly" kann een dës Woch éischt Biller vum Renesmee gesinn, dem Bella an dem Edward hiert Meedchen.

Domat dierften d'Fans vun der weltwäit bekannter Saga "Twilight" nees am Breaking Dawn Féiwer kommen. Enn vun dësem Joer kënnt nämlech deen 5. an domat leschten Deel vun der Saga um groussen Ecran eraus.

An dat klengt Meedchen gesäit de béid Filmstaren Kristen Stewart a Robert Pattinson souguer immens ähnlech. Béid Schauspiller waren souguer vun der Ähnlechkeet erstaunt.

A 5 Méint kënne mir eis dat dann och um groussen Ecran méi genee ukucken.


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!