Karl Lagerfeld: France2 Kommentator fir d'Hochzäit vum Haff

RTL - 28.06.2012, 15:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.06.2012, 17:50 | 22 Commentaire(n)

Den 20. Oktober ginn den Ierfgroussherzog an d'Stéphanie de Lannoy hei zu Lëtzebuerg bestued, an de Karl Lagerfeld wäert dat ganzt op France2 kommentéieren

© AFP
Och hannert sengem donkelen Sonnebrëll wäert dem Weltbekannte Designer, wuel kee Moude Faux-Pas, op der Hochzäit vum Guillaume a Stéphanie entgoen.

Zesummen mam Stéphane Bern an mam Marie Drucker wäert hien de Samschden 20. Oktober vu France2 op Lëtzebuerg aschalten vir dëse groussen Event ze suivéieren. 

Och scho vir dem William an dem Kate seng Hochzäit stoung hien hannert dem Mikro, grad ewéi vir d'Hochzäit vu Monaco an der englescher Queen Elizabeth II hire 60. Jubiläum.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!