Groussherzoglech Koppel Statist an der Comedie Habemus Papam

RTL - 03.07.2012, 14:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.07.2012, 15:49 | 0 Commentaire(n)

An der Comedie "Habemus Papam - Ein Papst büxt aus" spillt eis Groussherzoglech Koppel Statist. Ob si wuel eppes dovu wëssen?

Vläicht hutt dir de Film "Habemus Papam - Ein Papst büxt aus" scho gesinn. Sinn iech dann net zwee ganz bekannte Gesiichter opgefall?

Et muss een zouginn: et muss ee scho gutt kucke fir ze gesinn dat eis groussherzoglech Koppel am Film och matspillt.



Bei 1 Minutt 50 gesäit een eise Grand-Duc Henri zesumme mam Maria Teresa op der deemoleger Trauerfeier vum verstuerwene Poopst Jean-Paul II. 

Ob den Haff selwer dat wuel bemierkt huet?

An dësem witzege Film geet et nämlech ëm e Kardinol, deen zum Poopst ernannt gëtt.  Dëse fillt sech awer der Aufgab net gewuess a leeft fort.

Eng flott Comedie, déi absolut kuckeswäert ass, esou op mannst d'Kritiken.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!