L'Amour est dans le Pré: Eng Lëtzebuergerin ass mat dobäi
RTL - 11.07.2012, 10:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2012, 11:19
D'Inge wunnt zu Lëtzebuerg a schafft och hei an enger Bank. Zënter e Méinde kann ee si an der franséischer Kuppelshow "L'Amour est dans la Pré" gesinn.

Mat 43 Joer huet d'Bänkerin nach net de Mann vum Liewe fonnt, mä ass awer méiglecherweis um gudde Wee dohin. An der franséischer Versioun vu "Bauer sucht Frau" huet si de Pierre, e Produzent vun Armagnac kennegeléiert. Dësen ass siichtlech vun der natierlecher Aart a Weis vum Inge begeeschtert, wann en och nach e klengen Zweifel un der gemeinsamer Famillie-Planung huet.