Suri Cruise soll an Zukunft Scout Holmes genannt ginn

RTL - 16.07.2012, 11:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2012, 11:50 | 1 Commentaire(n)

D'Katie Holmes wëll d'Vergaangenheet definitiv hannert sech loossen, a geheit säi Liewe komplett op d'Kopp. Esou och dem Suri säin Numm.

© AFP
An D'Zukunft soll dat klengt Meedche vum Tom a vum Katie nämlech net méi Suri mam Virnumm heeschen, mä Scout.

Suri géing nämlech wéi Surrey klengen, esou d'Katie Holmes, an dat wier d'Strooss wou sech den Haaptsëtz vun der Scientology Sekt befënnt.

Deemno sollen d'Leit a sengem Ëmkrees d'Meedchen elo Scout nennen, benannt no engem Personnage am Katie Holmes sengem Liiblingsbuch "To Kill a Mockingbird". Schrëftlech wëll d'Katie et allerdéngs net maachen

Ma dofir well d'Ex-Fra vum Tom Cruise dem Suri säi Familljennumm offiziell änneren. Et soll dann net méi Suri Cruise Holmes heeschen, mä Suri Holmes. Ganz nom Motto: "Et ass mäi Kand!" 

Dat 6 Joer aalt Meedche soll dann och näischt méi mat Scientology um Hutt hunn, a soll dann och lo an eng kathoulesch Schoul goen, an och esou erzu ginn.

Déi selwecht Schoul wéi d'Lady Gaga an d'Hilton Schwëstere soll et da sinn, an dat fir knapp 31.000 Euro d'Joer.

D'Katie iwwerléisst deemno näischt méi dem Zoufall.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!