Uma Thurman: Puppelchen ass do!
RTL - 17.07.2012, 07:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.07.2012, 07:31
Um Sonnden huet déi US-amerikanesch Actrice Uma Thurman e klengt Meedchen op d'Welt bruecht, dat huet en Insider der amerikanescher Press confirméiert.

Fir déi 42 Joer al Uma Thurman ass et dat 3. Kand, allerdéngs eréischt dat éischt gemeinsamt mat hirem aktuelle Partner, dem Geschäftsmann Arpad Busson. Aus hirer fréierer Bezéiung mam Acteur Ethan Hawke huet si eng 13 Joer al Duechter an en 10 Joer ale Jong. Den Arpad Busson selwer huet och 2 Jonge mam australeschen Topmodel Elle McPherson.
