Der Spiegel: Aus fir TV-Emissioun "Waldis Club"

RTL - 22.07.2012, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.07.2012, 07:53 | 4 Commentaire(n)

De Waldemar Hartmann hält mat "Waldis Club" op, well e sech net mat der ARD eens ginn ass, dat mellt deen däitschen Noriichtemagazin "der Spiegel".

© programm.ARD.de
A sengen neister Ausgab zitéiert de "Spiegel" de Sportmoderator, deen als "Duz-Maschine" berüchtegt wier, mat dëse Wierder: "Ich habe meine Entscheidung getroffen: Die Sendung ,Waldis Club‘ wird es im Ersten nicht mehr geben. Ich nehme das Angebot der ARD nicht an."

De Grond ass, datt d'ARD seng Sendung nëmmen ëm ee Joer verlängere wollt an net méi wéi bis elo ëm 2. Dobäi hätt hie jo awer bei der leschter Football-Europameeschterschaft regelméisseg 3 Millioune Leit virun der Tëlee versammelt. An dofir hat sech den Hartmann eigentlech e Merci erwaart, heescht et am "Spiegel": "Da wäre es doch normal gewesen, dass ich von den Verantwortlichen des Ersten wenigstens eine SMS oder ein Fleißkärtchen mit zwei Zeilen bekomme."

Ausserdeem hätt de Sportchef vum WDR, Steffen Simon, mat deem en zwar nach ni ganz waarm war, während engem EM-Match net gutt op säi Waldis Club, deen dono ausgestraht gouf, higewisen - trotz héichkarätege Gäscht: "Üblich ist es, dass der Kommentator in der 80. Spielminute ordentlich Werbung macht für ,Waldis Club’ im Anschluss. An dem Abend, an dem er im Einsatz war, hatte ich Spitzengäste: Anne Will, den künftigen ,Tatort‘-Kommissar Til Schweiger und Fredi Bobic. Die hätte man groß anpreisen können. Steffen Simon sagte stattdessen einfach: 23.30 Uhr, ,Waldis Club‘."

De "Waldi" wonnert sech, datt d'ARD en eegent Format esou futti mécht, wëll als Boxkommentator awer weider fir d'ARD schaffe,

A seng Experiencë wëll en a senge Memoirë verschaffen ...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!