Mamm vum Michael Jackson, Katherine, vermësst?
RTL - 23.07.2012, 07:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.07.2012, 07:49
Vill Opreegung bei den Jackson's um Weekend: Hir Mamm wier wéi et schéngt als vermësst gemellt ginn. E Brudder vum verstuerwene Michael Jackson dementéiert

CNN hat jo um Sonndeg gemellt dat d'Kathrine Jackson géing vermësst ginn. Hir Enkelkanner hätte schonn eng Woch keng Nouvelle méi vun hirer Boma kritt, a géinge sech nawell Suergen maachen.
Doropshin huet e Member vun der Famill d'Kathrine bei der Police als vermësst gemellt. E Brudder vum verstuerwene Michael Jackson huet awer direkt dementéiert.
Si géing sech den Ament am Arizona ausrouen, esou den Jermaine Jackson.
