Prënz Harry: Ass e Burberry-Model seng nei Frëndin?

RTL - 25.07.2012, 08:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.07.2012, 08:33

Blond Hoer, blo Aen, gutt Figur. Dat sinn 3 Eegeschaften déi dem Prënz Harry bei enger Fra gutt gefalen. 3 Eegeschaften déi och d'Model Cressida Bonas huet

© AFP
De Prënz Harry dieft am Moment wuel de beléifteste Single vu Groussbritannië sinn... nach! Wann een neie Gerüchter ka gleewen, hätt de klenge Brudder vum Prënz William nämlech méiglecherweis deemnächst eng nei Frëndin, dat britescht Burberry-Model Cressida Bonas.

No der Londoner Avant-Première vum Batman-Film, sollen déi zwee zesummen an en Nightclub gaange sinn. Do hätte si de ganzen Owend vill gelaacht, geflirt a geknuutscht. Si wären zwar net zesummen erausgaangen, mä awer och nëmmen e puer Minutte vunenee getrennt.

Ween ass d'Cressida Bonas?
Dat 23 Joer aalt Cressida ass eng gutt Frëndin vun der Prinzessin Eugenie, der Kusine vum Prënz Harry. Duerch dës solle si sech och kennegeléiert hunn. Dem Cressida seng Mamm ass d'1960er Joren Topmodel Lady Mary-Gaye Georgiana Lorna Curzon. Déi grouss Schwëster Isabella schéngt deemnächst och an e gutt Haus ze kommen: Si ass mam Milliardär Richard Branson sengem Fils Sam verlobt.