Paul McCartney: 1,30 Euro Gage fir säin Optrëtt zu London

RTL - 31.07.2012, 11:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.07.2012, 11:31 | 7 Commentaire(n)

Genau een englesche Pond, ëmgerechent 1,30 Euro, huet de britesche Sänger fir säin Optrëtt op der Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller kritt.

© AFP

Wien hätt dat geduecht? Zemools wann ee weess dat déi ganz Zeremonie ronn 37 Milliounen Euro kascht huet.

Net nëmmen hien huet déi Gage Acceptéiert, ma och weider Artisten wéi de Mike Oldfield, d'Dizzee Rascal, Underworld an d'Emeli Sandé.

Artisten, déi sech also gratis zu Verfügung gestallt hunn, ma fir e Kontrakt kënnen ze maachen, misst e Montant dra stoe kommen. Dofir dee symboleschen ee Pond, wéi eng Spriecherin vum Organisatiounscomité erkläert.

Dem Paul McCartney dierft dat awer net esou wéi doen: säi Verméige gëtt jo schliisslech op 851 Millioun Euro geschat.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!