Gary Barlow: No Doutgebuert vun Duechter ënner Schock
RTL - 07.08.2012, 07:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.08.2012, 07:51
De Gary Barlow a seng Fra Dawn erliewen am Moment déi schwéierst Wochen an hirem Liewen. Hir Duechter ass dout op d'Welt komm.

Elo wéilt d'Famill sech drëm këmmeren deem klenge Meedchen e schéint Begriefnis z'arrangéieren an hir 3 Kanner vu ganzem Häerz gär ze hunn. Si giffen och dorëm bieden, datt hir Privatsphär an dëser schwéierer Zäit giff respektéiert ginn.
D'Dawn an de Gary Barlow hu sech 1995 kennegeléiert, wéi si dem Gary seng Band Take That als Dänzerin op der Tour begleed huet. 5 Joer drop hu si sech bestuet an hunn haut 3 Kanner am Alter vun 3, 9 an 11 Joer.

