Dschungel-Baby: Kim a Rocco erwaarden hiert éischt Kand

RTL - 09.08.2012, 07:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.08.2012, 07:50

Am australeschen Dschungel huet et am Januar ugefaange mat der grousser Léift. Zënter deem gouf et eng Trennung an en Nees-Zesummekommen.

© Facebook
... an elo ginn d'Sängerin Kim Debkowski an de Schauspiller Rocco Stark dann an déi nächst Phas vun hirer Léift: D'Koppel déi sech an der RTL-Sendung 'Ich bin ein Star - Holt mich hier raus!' kennegeléiert hat, erwaart hiert éischt Kand.

An de leschten Deeg hunn d'Kim Gloss, wéi d'Ex-DSDS-Kandidatin sech selwer nennt, an de Rocco hire Facebook-Fans Messagen hannerlooss, déi fir Rumeure gesuergt hunn.