Ernst August verklot däitsche Stat op 172 355,94 Euro

RTL - 09.08.2012, 12:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.08.2012, 12:15

Den Ernst August Prënz vun Hannover schéngt en Abonnement mam Geriicht ze hunn. Wann hien net grad verklot gëtt, da verklot hien ebe selwer.

© AFP
Neist Affär vun der Prinzessin Caroline vu Monaco hirem Mann ass de Sträit ëm d'Reklamm vun enger Zigarette-Marque. Dës Marque hat eng Foto vun engem zerkniwwelten Zigarette-Pak pubizéiert en niewendrun "War das Ernst? Oder August" geschriwwen. Dëst war zimlech offensichtlech eng Uspillung op d'Gewalt-Ausbréch vum Prënz.

Den Ernst August konnt doriwwer net laachen an huet de Fabrikant verklot an op allen Instanze verluer.

Well den 58 Joer alen Adelegen awer net gär verléiert, geet hien elo nach e Schratt weider a verklot den däitsche Stat virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter.
Hie verlaangt 172.355,94 Euro als Schuedenersaz,  Dédommagement a fir seng Prozess-Käschten.