Supertalent-Dréiaarbechten: M. Hunziker verletzt an d'Spidol

RTL - 13.08.2012, 11:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.08.2012, 11:47 | 0 Commentaire(n)

Accident bei den Dréiaarbechten vun der Talent-Show "Das Supertalent": D'Michelle Hunziker kënnt mat enger Gehirerschütterung an d'Spidol!

© AFP
"E Mann dee mat sengen Zänn Autoen an d'Luucht hiewe kann, dee wäert mech jo och kennen droen", dat huet sech d'Michelle Hunziker beim Optrëtt vun engem Kandidat geduecht!

Ma wéi et schéngt, huet déi schéi Blondin de Mann wuel e bëssen ze vill nervös gemeet: Beim Versuch léist hien d'Jurorin nämlech falen!

Resultat: Blo flecken um Hënner an eng kleng Gehirerschütterung. Ma virop hat jo usech dat ganzt net sou schlëmm ausgesinn: d'Michelle Hunziker war nämlech direkt nees opgestanen an huet gemengt et géing hir gutt goen.

Alt nees falsch geduecht: Kuerz drop huet si nämlech missten an d'Spidol bruecht ginn. Mëttlerweil geet et hir awer nees gutt, an ass nees doheem. Eng eidel Plaz dierft een also net um Jury-Pult ze gesi kréien, wann d'Show ab dem 15. September op RTL iwwerdroe gëtt!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!