Shakira: Hausmeedchen erpresst Sängerin mat Sex-Fotoen

RTL - 14.08.2012, 07:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.08.2012, 09:43

D'Shakira gëtt vun hirem Hausmeedche Maritza an där hirem Mann Divier erpresst. Si hunn anscheinend geheim Sex-Fotoe vun der Sängerin.

© AFP (Archivbild)
D'Kolumbianerin an hire Frënd den Football-Star vum FC Barcelona, Gerard Piqué, loosse sech esou séier awer net beandrocken. Si hunn d'Koppel, déi zënter 11 Joer fir si schafft, erausgehäit a bei der Police eng Plainte gemaach.
De Gerard Piqué an d'Shakira© AFP (Archivbild)