US-Wahlen: Lëtzebuerg an der Wahlcampagne vum Obama

RTL - 22.08.2012, 10:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.10.2012, 09:15 | 49 Commentaire(n)

An der leschter Ligne droite fir d'Presidentschaftswahlen an den USA huet den Obama-Camp e Video diffuséiert an deem Lëtzebuerg och dra virkënnt.

© Screenshot vum Video

Am Video gëtt ugedeit, datt de Géigekandidat Mitt Romney et net grad sou eescht hëlt wann et ëm d'Bezuele vu Steiere geet.

Steierparadäiser gi gewisen a Lëtzebuerg gëtt do am nämmlechten Otemzuch genannt a gewise wéi zum Beispill d'Cayman Islands.

De Romney war an der Steierfro därmoossen ënner Drock geroden dass hien Ugangs vum Joer seng lescht zwou Steiererklärunge Public gemaach hat, an do war eraus ze fannen dass hien wéi et schéngt en Deel vu sengem Verméigen zu Lëtzebuerg placéiert huet.





Video iwwer Romney nennt Lëtzebuerg eng Steieroase. (22.08.2012)
Presidentschaftskandidat Romney ënner Drock: e Video-Clip vum Team-Obama schwätzt vu Steierflucht a nennt Lëtzebuerg e Steierparadies.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!