Hochzäit: France Télévision iwwerdréit aus Budgetsgrënn net

RTL - 03.09.2012, 19:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.09.2012, 07:01 | 49 Commentaire(n)

Iwwerraschend Nouvelle aus dem Hexagon um Méindeg: "France 2" sollt jo de Mariage princier iwwerdroen, léisst dat awer elo aus Käschtegrënn sinn.

© SIP / Charles Caratini
Dobäi hat et am Ufank geheescht, et wéilt een d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Comtesse Stéphanie de Lannoy den 19. an 20. Oktober zu Lëtzebuerg wierklech am grousse Stil couvréieren - mat Marie Drucker, Stéphane Bern a Karl Lagerfeld.

Doraus gëtt awer elo näischt, aus budgetäre Grënn verzicht France 2 op eng Iwwerdroung, léisst France Télévision um Méindeg wëssen.

Dat internationalt Telés-Signal gëtt duerch RTL Télé Lëtzebuerg commerzialiséiert...bis zu eng Dosen Chainen kéinten d'Hochzait aus der Kathedral diffuséieren...fest zougesot hu bis ewell den ZDF an de belschen RTL-Tvi.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!