Nom Harry erlaabt och de Prënz Philip méi en intimen Abléck
RTL - 06.09.2012, 12:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2012, 12:25
D'Kinnigin Elizabeth II war mat hirem Mann bei engem offiziellen Optrëtt a Schottland, a wéi et sech do gehéiert, hat de Philip e Kilt un...

D'Fotografen hate sech nämlech just vis-à-vis vun der royaler Koppel opgestallt an esou huet et nëmmen e kuerzen Ament gebraucht, an deem de Philip seng Been net iwwer Kräiz geschloen hat, fir e Bléck op d'kinneklech Juwele kënnen ze werfen. Natierlech hu sech d'Fotografen dës Chance net entgoe gelooss an esou huet de Prënz, knapps 3 Wochen nodeems en erëm aus dem Spidol eraus komm ass, fir e ganz perséinlecht Motiv gesuergt.
Nom Harry, kënnt elo de Bopi: D'Queen ass den Ament bestëmmt net esou "amused" iwwert déi lescht ëffentlech Optrëtter vun hirer Famill...

