Robbie Williams: Puppelchen ass do!
RTL - 19.09.2012, 09:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.09.2012, 17:27
Um Dënschden huet de Robbie Williams iwwerglécklech op senger Homepage matgedeelt, datt hie Papp ginn ass.

Schonn am Mee haten de Robbie a seng Fra d'Ayda Field matgedeelt, datt si sech op e klengt Meedche giffe freeën. Deemools hate si och verroden, datt si hirem Kand kee geckege Promi-Numm wéillte ginn, mä sech fir eppes Almoudesches decidéiert hätten. Usech war d'Gebuert eréischt nom 26. September geplangt, mä déi kleng Joffer wollt anscheinend net méi waarden.


