Haff: Prënz Félix a Claire Lademacher hu sech verlobt

RTL - 13.12.2012, 10:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.12.2012, 17:53 | 83 Commentaire(n)

Dat huet den Haff um Donneschdeg de Moie per Communiqué matgedeelt.

© Revue

Déi nächst Hochzäit um groussherzoglechen Haff annoncéiert sech. Um Donneschdeg de Moien huet de Palais annoncéiert, datt de Prënz Félix an d'Claire Lademacher sech verlobt hunn.

De Prënz Felix ass jo mat 28 Joer den zweeteelste Jong vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa.

D'Claire Lademacher ass 27 Joer al, si kënnt aus Däitschland, méi genee aus Hessen, aus enger net adeleger, mä räicher Famill.

Déi zwee kenne sech aus hirer Internatszäit an der Schwäiz (am Collège Alpin International Beau Soleil) a studéieren elo allen zwee Bio-Ethik zu Roum.

Hei d'Schreiwes vum Maréchalat de la Cour:

Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, ont la très grande joie d’annoncer les fiançailles de Leur fils, Son Altesse Royale le Prince Félix, avec Mademoiselle Claire Lademacher.

De Society-Expert Benjamin Bartz iwwer d'Claire Lademacher


De Benjamin Bartz iwwert déi jonk Koppel


De Benjamin Bartz: Wéini wäert d'Hochzäit sinn?



Riets d'Claire Lademacher ... op der Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume mam der Comtesse Stéphanie.© SIP / Nicolas Bouvy


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!