Belsch: Kinnigin Fabiola kritt Staatsgelder gekierzt
RTL - 12.01.2013, 17:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.01.2013, 17:40
De belsche sozialistesche Premier Elio di Rupo, wëll d'Dotatioun vun der fréierer Kinnigin Fabiola reduzéieren, dat huet hien um Samschdeg ugekënnegt.

De Plang soll beim Vote vum Budget fir dëst Joer ëmgesat ginn.
Dat ass d'Reaktioun vu Kritiken an der Ëffentlechkeet un engem System deen d'Fabiola ageriicht huet fir laanscht d'Ierfschaftssteier ze kommen.
Déi läit an der Belsch bei 70%. Déi fréier 84 Joer al Kinnigin huet eng privat Fondatioun geschaf, där hir Fonge sollen hire Neveuen ze gutt kommen.
Zënter dem Doud vum Kinnek Baudouin 1993 huet d'Fabiola all Joer eng Dotatioun iwwer de Budget vu ronn 1,4 Milliounen € kritt. Déi Zomm soll wéi gesot elo reduzéiert ginn, ouni datt awer präziséiert gouf, ëm wéi vill.

