Russland: Braut bréngt hire Mann an der Hochzäitsnuecht ëm

RTL - 20.02.2012, 17:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.02.2012, 17:32

"Wat den Alkohol aus engem Mënsch ka maachen..." Am Soff huet eng Russin hire frësch bestuete Mann an der Hochzäitsnuecht erstach.

© AFP (Archivbild)
De gudde Mann hat sech seng Hochzäitsnuecht bestëmmt anescht virgestallt... Am staark alkoholiséierten Zoustand huet d'Koppel sech hefteg gestridden. Grond soll Jalousie gewierscht sinn.

Nëmmen e puer Stonnen nodeem si sech d'Jo-Wuert ginn haten, huet d'Braut du mat engem Messer op hiren 18 Joer ale Mann agestach. Dëse war op der Plaz dout.

Déi 20 Joer al Fra kann elo bis zu 15 Joer an de Prisong kommen.