Belsch: Football-Fans kann een elo ersteigeren!

RTL - 05.06.2012, 08:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.06.2012, 08:37 | 0 Commentaire(n)

D'selwescht wéi déi lëtzebuergesch Football-Nationaléquipe, sinn och eis belsch Noperen net bei der EM a Polen an an der Ukrain dobäi.

Och wann hir Nationaléquipe net spillt, heescht dat net, datt keng belsch Football-Fans bei der EM dobäi sinn - déi kann een nämlech elo ersteigeren.

Kléngt komesch? De Prinzip ass awer ganz einfach.

An enger Internet-Auktioun kann een d'Fans ganz normal ersteigeren. De Gewënner vun der Auktioun däerf dann décidéieren zu wéiengem Land d'Fans sollen halen.
A fir seng Suë soll een och eppes gebuede kréien: Déi "nei" Fans kucken d'Mätcher, kleede sech an de passende Faarwen, schwéngen de Fändel a sangen esouguer d'Nationalhymn vun hirer Mannschaft.

D'Suen déi an d'Keess kommen, sollen iwwerdeems fir de gudden Zweck, fir d'UNICEF, sinn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!