Chuck Saragosse: E Mann ësst fir bekannt ze ginn
RTL - 19.07.2012, 09:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.07.2012, 14:53
Op der Welt ginn et vill komesch Leit an e groussen Deel vun deenen huet sech um Internet a besonnesch um Video-Portal Youtube versammelt.

Eng einfach Manéier vill Opmierksamkeet op sech ze zéien ass sech bei enger aussergewéinlecher Tätegkeet ze filmen an dee Video dann online ze setzen. Well awer scho vill Leit vill komesch Ideeën haten, huet den Chuck sech eppes Spezielles ausgeduecht: Hien ësst virun der Kamera. Als Grondgedanken ass dat awer net schrecklech exklusiv, also huet hie sech virgeholl anescht z'iessen. Mol verdréckt hien eng ganz réi Ënn op ee Coup, mol en Dëppche Kanéil-Pudder, mol ass et de schaarfste Chili vun der Welt.
| VIDEO: De bekannsten Challenge: "The Ghost Pepper Challenge" |
D'Leit fannen et interessant, besonnesch well den Chuck bei der Saach richteg leid, Tréinen an den Aen huet, sech verschléckt oder och scho mol muss iwwerginn. Well de Mann och interaktiv wëll sinn, kënne seng Fans him och Challenges virschloen.
Iwweregens verdéngt den Chuck keng Suë mat senge Videoen.
Heiansdo brauch een net vill fir berühmt ze ginn... heiansdo brauch de Public awer och net vill fir begeeschtert ze sinn...