Gréisste Penis vun der Welt léist Alarm op Fluchhafen aus

RTL - 20.07.2012, 09:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2012, 10:00

D'Sécherheetspersonal vum Fluchhafe vu San Francisco huet bei engem Passagéier eng "anscheinend" geféierlech Knupp an der Box entdeckt.

© Twitter
Op den éischte Bléck ass den Jonah Falcon en duerchschnëttleche Mënsch. Op den zweete Bléck ass awer besonnesch säi bescht Stéck wäit iwwer-duerchschnëttlech: Den Jonah Falcon huet de gréisste Penis vun der Welt.

Kierzlech wollt hien e Fliger um Fluchhafe vu San Francisco huelen an huet do, wéi all aner Passagéier, missen duerch de Security-Check. D'Sécherheetspersonal huet déi grouss Knupp am Jonah senger Box gesinn a wollt net gleewen, datt dat just säi Penis wär. Fir d'éischt gouf den 41 Joer alen Amerikaner gefot, ob hien och sécher seng ganz Täschen eidel gemaach hätt. Wéi d'Leit hien ongleeweg gekuckt hunn, huet hie ganz cool geäentwert "It's my dick".
© Twitter

Sou liicht léisst amerikanescht Sécherheetspersonal sech awer net iwwerzeegen a sou huet den Jonah nach eng Kéier missten duerch de Metalldetektor an duerch de Plakeg-Scanner. Mä och dat konnt si net iwwerzeegen. Schliisslech krut hie speziellt Pudder an d'Box fir ze kucken, ob hie kee Sprengstoff mat sech giff droen. Zum gudde Schluss ass den Jonah ofgetaascht ginn an domat sinn da sämtlech Zweifel aus der Welt geschaf ginn.
© Twitter

Och wann den Jonah Falcon de gréisste Penis vun der Welt huet, steet hien net am Guinnessbuch, well et dofir keng Kategorie gëtt. Am Normalzoustand ass säi bescht Stéck 24 Zentimeter laang, am erreegten Zoustand huet e ganzer 34 Zentimeter.