Rees vu GB an Italien alleng mat 11 Joer an ouni Pabeieren
RTL - 25.07.2012, 11:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.07.2012, 11:36 | 0 Commentaire(n)
Optimal sinn d'Sécherheetsmesuren am Virfeld vun de Summerspiller net: Dat beweist jiddefalls e Fall vun engem 11 Joer ale Bouf!

Hien ass ouni Pass, ouni Bordkart an ouni Begleedung vu Manchester op Roum geflunn.
Hie koum ouni Problem an de Fliger an et ass a kenger Sécherheetskontroll opgefall, datt de Bouf keng Pabeieren hat.
E Spriecher vum Fluchhafen sot et fir en extrem eeschte Fall an et géif elo eng Enquête gemeet ginn fir erauszefannen, wéi dat konnt geschéien.

Äre Commentaire