Dommheet oder Pesch? Fra verbrennt ongewollt Suen am Uewen

RTL - 31.07.2012, 08:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.07.2012, 08:38

Fir ëmgerechent knapp 20.000 Euro huet en Australier schwéieren Häerzens säin Auto verkaf fir seng Scholde kënnen ze bezuelen.

Well de Mann d'Suen awer owes eréischt krut, hat d'Bank schonn zou a sou wollt hie se op enger sécherer Plaz verstoppen. Als besonnesch sécher ass him de Bakuewen agefall, well do sou séier keen Abriecher no Sue kucke geet.

De Familliepapp hat an der ganzer Hektik awer komplett vergiess seng Fra anzeweien... an déi huet natierlech net gekuckt, ob Suen am Uewe wären ier si de Kanner Chicken Nuggets gebak huet.

Resultat: Praktesch de ganze Montant ass verbrannt. Déi puer Schäiner déi zu manner wéi 80% verkuelt waren, konnt den Onglécklechen op der Bank wiesselen.