Äiffeltuerm: Mobilier vum "Jules Verne" gëtt versteet
RTL - 02.08.2012, 08:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.08.2012, 08:37
Zu Paräis kënnt an den nächste Wochen de Mobilier vum bekannten Äiffeltuerm-Restaurant "Jules Verne" ënnert den Hummer.

1983 hat d'Bedreiwungsgesellschaft vum Äiffeltuerm d'Miwwel beim Designer an Optrag ginn, fir de gastronomesche Restaurant "Jules Verne" nei anzeriichten. 2007 goufen déi ganz schwaarz-wäiss Miwwelen duerch en neien Decor ersat an elo solle se dann definitiv en neie Besëtzer fannen.
Verschidde Start-Präisser sinn awer ganz buedemstänneg, sou kritt ee Still scho vun 80 Euro un. Fir e schwaarz-lackéierte Fligel a verschidde Balustrade muss een awer wahrscheinlech vill méi op den Dësch leeën.