Wiesbaden: Éischt erotesch Mass zitt 200 Gleeweger un

RTL - 06.08.2012, 08:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.08.2012, 09:13

Eng ganz speziell Zort vu Mass, huet een evangelesche Paschtouer um Sonnden zu Wiesbaden gefeiert: Eng erotesch Mass.

Dem Paschtouer no sinn Erotik a Loscht keng Sperrzonen déi vum Glawe getrennt wieren.

Och wa beim Gedanken un eng erotesch Mass sécher vill Leit plakeg Haut an ureegend Biller geduecht haten, sou ass de Paschtouer Ralf Schmidt awer ganz brav an zréckhalend bliwwen.

Eng eeler Fra huet Rouseblieder op d'Leit reene gelooss. Eng Doze Seniorinnen hu mat faarwege Bänner un den Hänn e meditativen Danz virum Altoer virgedroen. Wee wollt, konnt sech ätheresch Ueleger op d'Hänn an d'Stier drëpse loossen. Zesummen hu sech d'Leit mat den Hänn geholl an zu der Musek vum Elvis Presley sengem "Love me tender" gedanzt...

Och wann de Paschtouer a senger Priedegt iwwer Léift a Geschlechtsverkéier geschwat huet, sou ass déi grouss Erotik awer ausbliwwen. Dem gréissten Deel vun den 200 Gleewegen, déi iwweregens am héijen Alter waren, huet dës Mass awer guttgefall.