IKEA: No de Miwwelen, kommen d'Hotellen

RTL - 16.08.2012, 10:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.08.2012, 13:08

Ikea lancéiert e Projet fir bëlleg Hotellen an Europa. Déi éischt sollen 2014 an Däitschland opmaachen.

Dat schwedescht Miwwelgeschäft huet lo éischt Detailer bekannt ginn. Eng 100 Hotelle si geplangt, wéi gesot an Däitschland, mä ënnert anerem och an der Belsch, Éisterräich, Holland, Skandinavien a Groussbritannien. Zëmmere sollen dogéint net ausgesinn wéi aus dem Ikeakatalog, mä komplett ouni all Referenz un d'Mark.