Neiséiland: E Straussenee, e Schwäin a 6 Méint Prisong!
RTL - 23.08.2012, 12:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.08.2012, 14:34
Et kléngt wéi eng Zeen aus dem Detektivspill Cluedo; et war de Mann mam Straussenee an der Kichen! Ma et gouf awer alt nëmmen ëm e bloe Fleck...

Eng Fra hat decidéiert, sech e Schwäin als Hausdéier ze halen, wat allerdéngs hirem Mann net esou gepasst huet. Hien hätt d'Schwéngche wuel léiwer um Teller gesinn an hat seng Fra schonn e puer Mol gefrot, dass se et géing aspären oder op mannst ustrécken, well et d'Wunneng verwüsten.
Ma wéi dat mat de Fraen esou ass, zéien déi d'Déierchen hirem Mann awer gären emol vir an sou huet si dem Schwäin och weiderhin all Fräiheete gelooss. Dat goung esou laang gutt, bis de Véierbeener d'elektresch See vum Mann entdeckt - an natierlech direkt futti gemeet - huet. Dat war dunn ze vill!
De Mann soll blann vu Roserei an d'Kiche gestiermt sinn a kuerzerhand ee Straussenee op d'Fra geheit hunn! Ee Straussenee. Jo, Dir liest richteg...
Wéi dat Ee op e Kichendësch a Neiséiland komm ass, war leider net erauszefannen, mä jiddefalls huet et op der Broscht vun der Fra e grousse bloe Fleck hannerlooss. Doropshin huet si hire Mann ugeklot an dee gouf, well e schonn eemol wéinst Kierperverletzung ugeklot war, tatsächlech zu 6 Méint Prisong veruerteelt. Et ass also net d'Schwäin, wat d'Haus um Enn huet misse verloossen, mee de Mann...
