Jugendpompjeeën: Sënnvoll Beschäftegung fir Jonker
RTL - 22.02.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.02.2012, 17:03
Jugendpompjeeën: Wat kann ee Sënnvolles a senger Fräizäit maache, wann een tëscht 8 a 15 Joer al ass? Eng sënnvoll Beschäftegung fënnt ee bei de Pompjeeën.

Wéi vill aner Organisatiounen, freeën och si sech iwwer Nowuess. Et ginn den Ament ronn 1.450 Kanner a Jonker tëscht 8 a 15 Joer déi sech an de fräiwëllege Jugendpompjeeën engagéiert hunn. Si sinn op 130 Sektiounen am Land verdeelt.
Spill a Spaass steet do am Mëttelpunkt erklärt den Yves Kohn, de General-Sekretär vun der Pompjeesfederatioun. Et gi vill verschidden Aktivitéiten organiséiert, nieft Spiller a Sport, gëtt och bei Concoursen am In-an Ausland mat gemaach. D'Kanner ginn awer natierlech net mat op Bränn geholl, esou datt d'Eltere sech keng Gedanke brauchen ze maachen.
Wann déi Jonk da Goût kruten um fräiwëllegen Asaz am Déngscht vun der Allgemengheet an déi néideg Formatioune matmaachen, da kënne se vu 16 Joer un aktive Member vun de Fräiwëllege Pompjeeë ginn.
