Ongesonde Rekord: Italien huet déi deckst Kanner!

RTL - 01.06.2012, 11:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.06.2012, 11:37 | 0 Commentaire(n)

Anscheinend sinn et net Fish&Chips an d'Currywurscht déi d'Kanner deck maachen, mä éischter déi gutt italienesch Kichen.

© AFP
Italien an déi gutt mediterran Kichen: Olivenueleg, Fësch, Uebst a Geméis... mä anscheinend gi vill italienesch Kanner mat méi ongesonde Saache gefiddert. Enger europäescher Étude no, sinn iwwer 40% vun den 2 bis 10 Joer ale Kanner iwwergewiichteg. Op Plaz 2 kommen déi griichesch Kanner, duerno déi zyprotesch an déi spuenesch.

Dëst Resultat ass ëmsou méi interessant, wann ee bedenkt, datt d'Mëttelmier-Diät zënter 2010 zum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO gehéiert, dat nodeems Italien, Spuenien a Griicheland dorop gepocht haten.

Déi italienesch Regierung huet de Problem erkannt a wëll elo och esou séier wéi méiglech handelen. "Captain KUK" soll den Numm vun der Léisung sinn. Den italienesche Ministère de la Santé huet dëse Comic-Held erfonnt. Hie soll d'Kanner dozou animéiere méi Uebst a Geméis z'iessen.
Zousätzlech solle Steieren op gezockert Limonaden agefouert ginn. Domat wëll de Gesondheetsminister Renato Balduzzi wierken datt d'Jugend a punkto Iessgewunnechten ëmdenkt an an engems Sue fir déi eidel Keese sammelen. D'Kritik un dëser Idee ass awer grouss an de Balduzzi wäert et schwéier kréie fir se duerchzesetzen.

Mä net nëmmen d'Ernährung wär e Problem, mä och d'Schlofgewunnechte vun italienesche Kanner. Si giffen dacks vill méi spéit an d'Bett goe wéi hir Kollegen aus dem nördlechen Europa. Dëst kann Iwwergewiicht an Diabetis ausléisen.

Déi italienesch Kanner sollen elo also op Régime gesat ginn... net einfach am Land vu Pizza, Pasta an Gelato...


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!