6 Joer ale Jong wëll Football-Star mat Täschegeld kafen

RTL - 08.06.2012, 08:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 08:59

Den American Football Spiller Brandon Jacobs huet e ganz grousse klenge Fan an deen huet seng Zouneigung op eng ganz léif Manéier gewisen.

Mat 5 Joer ass de klengen Joseph fir déi éischt Kéier en American Football Spill kucke gaangen an zënter deem Moment ass hien e riise Fan vun den "Giants", awer ganz speziell vum Brandon Jacobs.

Deemno war d'Enttäuschung immens grouss, wéi hie gewuer ginn ass, datt den Jacobs säin Team giff verloossen an San Francisco giff goen. Dem Joseph seng Elteren hunn him erkläert, d'Giants hätten net genuch Sue fir hien ze halen an dowéinst giff hie wiesselen. De Jong huet gemaach wat fir hie logesch war: Hien huet säin Täschegeld geholl an dem Brandon Jacobs dat zesumme mat engem "Iwwerzeegungsbréif" geschéckt.

Wéi de Bréif beim Football-Star ukomm ass, war deen éierlech beréiert. Hien huet eng Foto dovu gemaach, déi op Twitter gesat an dobäi geschriwwen, hien hätt esouguer gekrasch wéi en et gelies hätt. Als kleng Iwwerraschung wëll hien den Joseph an nächster Zäit eng Kéier besichen.