Virtuell Léift? Nei Sextoy-App fir Tablets!

RTL - 31.01.2012, 14:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.01.2012, 14:57

Alt nees en Artikel fir an d'Rubrik "Et gëtt näischt wat et net gëtt"... Wann d'Fra net doheem ass, kann de Mann elo Geschlechtsverkéier mam Tablet hunn.

© Fleshlight
De Sextoys-Produzent Fleshlight huet scho méi dacks mat immens onkonventionelle "Spillsaache" fir Opmierksamkeet gesuergt an och mat hirem neiste Gadget komme si nees an d'Schlagzeilen.

De klenge Sextoy-Accessoire kann ee ganz liicht un den Tablet uschléissen. Um Écran gëtt en Erotikfilm gewisen an de Recht ass dann dem Utilisateur iwwerlooss. Eng Versioun fir homosexuell Männer ass iwweregens och geplangt...