Spaass oder Risiko? Flotten Dräier net ëmmer einfach
RTL - 14.02.2012, 11:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.02.2012, 18:10 | 2 Commentaire(n)
De "flotten Dräier" ass d'Fantasie vu ville Männer - an och vu Fraen ... Mä wat no einfachem Spaass zu dréi ausgesäit, muss am Virfeld gutt geplangt ginn.

Mä genau do fänkt de Problem un: 2 Männer an eng Fra oder 2 Fraen an ee Mann? Als Single stellt sech déi Fro net, do ass et dacks egal, wann een an esou eng Situatioun erarutscht. Mä an enger Bezéiung kann dat zu negative Schwingunge féieren, dofir ass et wichteg, éier een d'Aventure vum flotten Dräier ageet, datt déi Fro an och nach aner Punkte gekläert ginn.
Am Virfeld:
Do heescht et, als éischt mam Partner diskutéieren, wëll esou eng Aktioun kann och emol zu Jalousie an der Bezéiung féieren. Do muss ee sech als Puer mol direkt 2 Froe stellen: Wëlle mir allen 2 esou en Erliefnis a packen mir et als Koppel, datt bei esou engem intimen Erliefnis nach eng drëtt Persoun dobäi ass? Dobäi spillt natierlech d'Jalousie vu béide Partner eng wichteg Roll. Nëmme wann ee béid Froe mat Jo beäntwere kann, kann een iwwer den nächste Schrëtt nodenken.
Den idealen drëtte Partner:
Da kënnt et zur Partnerwiel. Och do muss sech d'Koppel eens ginn, ob et e Mann oder eng Fra soll sinn. Dat hänkt eleng vun der Koppel of, well et net fir jiddereen angenehm ass, dem Partner beim Sex mat engem aneren nozekucken. En plus ass et fir Männer oft méi schwéier, en anere Mann dobäi ze hunn, well se fäerten, si kéinten da fir "bi" gehale ginn.
Wann et beschloss ass, ginn et awer nach e puer kleng wichteg Detailer. Déi drëtt Persoun sollt am ideale Fall net aus dem direkte Bekanntekrees kommen an idealerweis net besser ausgesinn wéi deen anere Partner. Dat géif nëmmen zu Problemer féieren. Och wichteg ass, datt ee sech ëmmer besser ëm de Partner këmmert wei ëm déi drëtt Persoun, well souguer dat kéint zu Bezéiungsproblemer féieren.
Virbereedung:
Wat däerf wie mat weem wéini maachen? Dat kléngt elo ganz komesch, ass awer eminent wichteg am Virfeld ze klären. Nëmme wann jidderee weess, wat en däerf a wat net, kann ee Problemer während dem Sex aus dem Wee goen. Och iwwer déi richteg Verhütung soll am Virfeld geschwat ginn. Wann et sech ëm eng friem Persoun handelt, ass de Kondom e Muss.
Iwwerem Akt:
Während dem Dräier ka ganz vill passéieren. Wichteg ass ëmmer, datt een näischt erzwéngen dierf, soss kéint et séier eriwwer si mam Spaass zu dräi. Wat geschitt, geschitt. A soulaang jidderee säi Spaass drun huet, riskéiert et, net Schief ze goen. Sollt et awer schif goen oder ee vun de Partner fillt sech onwuel, ass et am beschten, wann een direkt ofbrécht. Well och wann et déi éischte Kéier dann net geklappt sollt hunn, heescht dat net, dat et keng zweete Kéier gëtt ...
Fir Singlen:
Fir Singelen ass eppes ganz wichteg: Hutt Spaass, genéisst et an denkt ëmmer un de Gummi.

Äre Commentaire