Rees-Fotoen
Eise Globetrotter ass nach ëmmer a Südamerika. Hie besicht déi wonnerbar Stad "Colonia del Sacramento" (Uruguay) un der riseger Mündung vum Rio de la Plata an den Atlantik geleeën (Fotoen 1 bis 23). Op där anerer Säit vun der Mierbucht, eng Grëtz méi südlech, läit déi argentinesch Haaptstad Buenos Aires, vun do sinn déi aner Biller. Béid Stied sinn eng Rees wäert! Fotoen: Thierry Schmitz
Eise Globetrotter Schmisi alias Thierry Schmitz tingelt nach ëmmer duerch Südamerika. An e weess firwat ... Hei weider Andréck aus Argentinien an och scho vu Brasilien an aus dem Paraguay! Mat ënnert anerem deem risege Staudamm vun Itaipu an deene grandiose Waasserfäll vun Iguaçu, déi zu den 3 beandrockendste vun der Welt gehéieren!




