El Salvador (3): Tourismus a Kannerheem

El Salvador ass dat klengste Land a Mëttelamerika, ma leider och dat geféierlechst. Nëmme logesch, datt et sech (nach) keen Numm als Touristen-Héichbuerg gemaach huet, och wann et am Land vun de Vulkanen - et soll een anscheinend iwwerall ëmmer mindestens ee gesinn - ganz schéin Ecke ginn.

LICEO LUXEMBURGO zu San Salvador: Text mat Fotoen a Videoen.

AWEIUNG VUN HÄISER op der Insel Espiritu Santo: Text mat Fotoen an engem Video.

De Lëtzebuerger Emile Calmes, Ex-Deputéierten a fréiere Buergermeeschter vum Préizerdaul, deen eng salvadorianesch Fra an och een Haus zu San Agustin huet, këmmert sech, wann en dohannen ass, net nëmmen ëm Kooperatiounsprojeten, ma weist de Visiteuren aus dem Grand-Duché och ganz gären e puer flott Ecken, wéi d'Kaffisdierfer "Berlin" oder "Alegría" ...

De Lëtzebuerger Paschtouer Henri Gloden, deen zanter iwwer 40 Joer am Land lieft, kennt virun allem déi manner schéi Säite vun enger violenter Gesellschaft. Hie wëll d'Mënschen nees op de richtege Wee bréngen, an der Stad Santa Ana huet hie vru Joren e Kannerheem gegrënnt, dat mat Done vu Lëtzebuerg finanzéiert gëtt (http://www.elsalvador.lu/).

Fotoen: Luc Marteling

Déi neiste Galerien

Survival International

Eng international Organisatioun setzt sech fir indigen Vëlker ronderëm d'Welt an. Si suergt dofir, datt dës Leit weider selwer iwwer hir Terrainen, hiert Liewen an hir Rechter däerfe bestëmmen. Copyright Fotoen: Survival International


Schmisi on World Tour: Blog 27: Uruguay & Argentinien

Eise Globetrotter ass nach ëmmer a Südamerika. Hie besicht déi wonnerbar Stad "Colonia del Sacramento" (Uruguay) un der riseger Mündung vum Rio de la Plata an den Atlantik geleeën (Fotoen 1 bis 23). Op där anerer Säit vun der Mierbucht, eng Grëtz méi südlech, läit déi argentinesch ...