BMI Rechner
BMI-Rechner
De BMI (Body-Mass-Index) ass eng Mooss fir d'Bewäertung vun engem Mënsch sengem Kierpergewiicht. Dës Zuel informéiert de Concernéierten iwwert säi méiglecht Ënner- oder Iwwergewiicht.
De BMI ënnerscheed awer net tëscht Fett- a Muskeltissu an ass bei Ernährungswëssenschaftler zum Deel ëmstridde well e sech net individuell un eng Persoun riicht. Hie kann z.B. net ënnerscheeden ob e Mënsch iwwerméisseg muskuléis ass oder staark iwwergewiichteg.
Leit deene Gliedmoosse feelen, kënnen hire BMI net no deem übleche Schema berechnen.
| BMI-Wäert | Kathegorie |
| <19 | Ënnergewiicht |
| 19-25 | Normalgewiicht |
| 25-30 | Iwwergewiicht |
| 30-35 | staarkt Iwwergewiicht |
| >35 | ganz staarkt Iwwergewiicht |

