Et muss een tëscht 2 Haaptformen vun Diabete ënnerscheeden:
Typ 1 Diabete
Dës Form trëtt meeschtens virun dem 30ten Liewensjoer op: d'Bauchspäicheldrüs produzéiert keen Insulin méi, en absoluten Insulinmangel ass d'Resultat an déi eenzeg Therapie sinn Insulininjektiounen.
Typ 2 Diabete
Den Typ 2 mécht sech gewéinlech eréischt an der 2ten Liewenshalschent bemierkbar an ass ganz heefeg op Iwwergewiicht an Beweegungsmangel zeréckzeféieren. Vun dëser Form sinn 90 % vun de Mënsche betraff. Leider hunn hautzudags ëmmer méi jonk Leit an och Jugendlecher scho Problemer mat Typ 2 Diabete.
Bei dëser Form vun der Zockerkrankheet, wierkt den Insulin net méi sou gutt, et schwätzt ee vun Insulinresistenz, di sech mat der Zäit zu engem Insulinmangel entwéckelt. Well dës Entwécklung ganz lues a progressiv ass, bleiwen déi markant Zeechen vun der Krankheet oft laang onbemierkt
D'Behandlung fänkt gewéinlech mat engem Regime un, mat méi Beweegung a spéider mat Medikamenter oder Insulininjektiounen.
Fir de Bluttzockerwäert erauszefannen muss de Bluttzocker regelméisseg gemoos ginn.
Ee schlecht oder guer net behandelten Diabete kann extrem Komplikatiounen erbäiruffen an huet dacks dramatesch Konsequenzen fir d'Gesondheet an d'Liewensqualitéit. |