Ze vill gedronk? Éischt Hëllef, wann de Mo rebelléiert!

RTL - 20.02.2012, 17:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.05.2012, 09:49

Elo wou d’Fuesgecken nees ënnerwee sinn, huet moies deen een oder anere Clown sécher mat den Nowierkunge vum Alkohol ze kämpfen...

Ganz nom Motto: Dee leschten Humpen... war wuel zevill...

Wann Dir am Viraus wësst, datt e laangen a sëffegen Owend op Iech waart, da leet Iech den Dag virdrun eng Portioun Sauerkraut an de Frigo.

Réit Sauerkraut enthällt vill Vitamin C a mécht, op eng ganz natierlech Manéier, erëm fit. Dëse Vitamin C déit de Wéi. D’Mëllech-Saier a Kombinatioun mam Vitamin B botzt den Daarm an hëlleft géint d’Iwwelzegkeet. Den Azetylcholin berouegt den Nervesystem an domat och de Mo.
Anere positive Facteur: Dir brauch kee ganzen Eemer z’iesse fir erëm op d’Been ze kommen... schonn 100g ginn duer.

..................................................

Wee sech awer guer net zu Sauerkraut iwwerried kritt, kann et och mat engem Rollmops probéieren. 

Deen huet vill Salz a kann domat dem Kierper nees déi verluere Mineralie liwweren.

..................................................

Eng Alternativ ass gutt fettegt Iessen. En Hamburger, eng Pizza mat Extra-Kéiss oder Raclette. Firwat ee sech dono besser fillt, ass wëssenschaftlech net ganz erwisen, wahrscheinlech huet et awer domat ze dinn, datt de Mo nees Nährstoffer kritt, déi en den Dag virdrun duerch den Alkohol entzu kritt huet.

..................................................

Am Allerwichtegsten ass et awer, vill Waasser (ouni Spruddel) ze drénken. Well de Kierper leit no engem alkoholeschen Excès dacks u Waassermanque.