ORL: Kaméidi-Limite zu Lëtzebuerg gi net kontrolléiert
RTL - 22.02.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.02.2012, 16:35
Société ORL: Décke Kaméidi schiedegt eis Oueren. Zu Lëtzebuerg läit d'Limite bei 90 Dezibel, wat awer nëmme seelen agehalen oder kontrolléiert gëtt.

Nieft der Intensitéit hätt virun allem d'Dauer vum haarde Geräisch en Impakt op d'Ouer. Dat heescht et ass net egal wéi laang mir an dësem Fall haarder Musek ausgesat sinn. Den Dokter Tom Faber, President vun der Société ORL präziséiert, datt wann een e puer Stonnen engem Kaméidi vun 100 Dezibel ausgesat ass, hannerléisst dat Tracen.
Musek dierft an der Moyenne mat engem Volume vu ronn 105 Dezibel consomméiert ginn. Deemno wéi schonn ze vill, op verschiddene Plaze geet et awer dacks nach vill méi haart erof, dat zum Beispill a Raim, déi einfach net dofir gemaach sinn an ze kleng sinn an d'Musek proportional ze haart ass.
D'Ouere weist de Mënsch awer drop hin, wann et em ze haart gëtt: et héiert een e Piipsen, wat meeschtens kuerz drop erëm verschwënnt, awer net ëmmer. Dat ass eng éischt Reaktioun vum Ouer an et weist, datt verschidden Zellen duerch eng sougenannten Gefäßverengung net méi richteg duerchblutt ginn.
Bleift dat Piipsen, ass dat een Zeechen dofir datt d'Zellen ofgestuerwe sinn, an et ass méiglech datt dëst desagréabelt Oueregeräisch ni méi ewech geet.
D'Ouer vergësst net, betount den Dokter Faber. E Schued vun enger excessiver Musek-Expositioun an der Jugend ka sech och eréischt am héijen Alter weisen. Dofir wier et wichteg, sech ze protegéieren: Et soll een sech, virun allem wann een dacks an Discoen oder op Concerten geet, mat Ouerestëpp schützen. Et héiert een d'Musek och sou nach gutt genuch, mä de Schued gëtt limitéiert.
Fir ëffentlech Raim gëtt et hei am Land iwwregens eng Limite vu 90 Dezibel, dat ass tatsächlech relativ wéineg. D'Anhale vun dëser Limite gëtt dofir och wéineg respektéiert, an och ganz seele kontrolléiert.
