Rare Krankheeten: 8% vun der Populatioun ass concernéiert

RTL - 23.02.2012, 18:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.02.2012, 14:13

Rare Krankheeten: De Statistiken no hunn tëscht 6 an 8% vun enger Populatioun eng sougenannt rare Krankheet.

Hei zu Lëtzebuerg wieren dat ëm déi 30.000 Leit. Vill vun hinne wëssen allerdéngs guer net, dass si eng rare Krankheet an sech droen. Aktuell ginn et iwwer 7.000 ënnerschiddlech Formen, dovu sinn 80% genetesch bedéngt.

De 29. Februar ass den internationalen Dag vun de „Maladies rares“. Op dësem speziellen Dag soll op dës speziell Krankheeten opmierksam gemaach an de Publique sensibiliséiert ginn. Dacks gesäit een de Leit nämlech guer net of, dass se krank sinn, sot eis Invitée en Donneschdeg am Mëttesjournal, d'Shirley Feider, d'Vizepresidentin vun der ALAN.

 AUDIO: D'Shirley Feider »


En Dënschdeg den 28. Februar organiséiert d'ALAN, d'Lëtzebuerger Associatioun fir Leit mat neuromusculairen a rare Krankheeten, zu Mamer am Schlass eng Konferenz mat engem Dokter vu Paräis, wou iwwer ënnerschiddlech Therapië geschwat gëtt, wat rare Krankheete betrëfft. Weider Detailer ginn et och op alan.lu