D'Wallis schlau paken fir d'Summervakanz
RTL - 16.07.2012, 11:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2012, 11:56 | 0 Commentaire(n)
Wie kennt dee Problem schonn net: Et geet an d'Vakanz an am léifste géif een de ganze Kleederschaf mathuelen, mä an der Wallis ass einfach net genuch Plaz!

E weidere Problem ass och dee vum Gewiicht: deemno mat wéi enger Gesellschaft een an d'Sonn flitt dierf ee guer net esou vill an d'Wallis paken, ouni déif an d'Täsch ze gräifen.
Et gëtt awer leider keen Zaubertrick; fir dee Problem ze léise geet nëmme praktesch paken!
Bei der Auswiel vun de Kleeder muss een also e wéineg strategesch virgoen. Zum Beispill kënnen de Meedercher hir Pumps doheem bleiwen. Leiwer dann ee puer Flip-Flop méi apaken. Déi si gemittlech a kennen och duerhale wann et mol méi schick soll sinn.
Eng Jackett geet och duer! Einfach e Blazer apaken dee bei alles passt a schonn ass ee fir déi méi frësch Owender gerüst.
Ma och beim pake kann sech eng Wallis als méi grouss entpuppe wéi een emol géing mengen. Hei einfach systematesch virgoen: Déi schwéier Saache wéi de Beauty-Case ënnen an d'Wallis, déi Säit vun de Rieder.
D'T-Shirte kann een och oprullen amplaz falen. Se bleiwen da schéi gestreckt a kennen esou ganz einfach déi kleng Lücken an der Wallis fëllen.
Och d'Strëmp oder d'Krawatte fir d'Männer kënne ganz einfach verstaut ginn, zum Beispill an de Schong oder aner Huelraim.
Dir gesitt also, Wallis pake kann och einfach si wann ee weess wéi e virgoe soll.

Äre Commentaire