Schéi wäiss Zänn och mat ganz einfachen Tricker!
RTL - 16.07.2012, 14:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2012, 15:07 | 0 Commentaire(n)
Wie wënscht sech scho keng schéi wäiss Zänn. Mä wéi eng Tricker funktionéiere wierklech a wéi kann een den deiere Bleaching beim Zänndokter evitéieren?

Mä heiansdo huet een d'Gefill dat egal wéi gutt een oppasst, d'Zänn einfach net méi wäiss wëlle ginn.
Ma och mat ganz einfachen Tricker, a mat Saachen déi jidderee misst doheem hunn kann een do nohëllefen an den deieren Zänndokter evitéieren.
De Bakpolver gëllt als Wonnermëttel géint verfierften Zänn. Einfach e wéineg Polver op d'Zännbiischt a lass! Duerno nach emol d'Zänn mat normaler Zahnpasta botzen a fäerdeg ass et.
Éischt Resultater dierften net alt ze laang op sech waarde loossen. Mä oppassen dëse gräift d'Zänn och un, deemno soll een et net ze dacks benotzen. Eemol d'Woch geet duer!
Och am Frigo hu mir villes leie wat d'Zänn méi blénke léist: wéi zum Beispill Zitroun oder Äerdbieren.
Géint de Mondgeroch soll dann och Naturjughurt eng gutt Hëllef sinn.
Nom iesse kann een sech dann och mol en zockerfräie Knätsch gënnen. Dëse bewierkt dat am Mond Späichel produzéiert gëtt, an d'Bakterien domatten ausgespullt ginn.
Schéine wäissen Zänn dierft dann an Zukunft näischt méi am Wee stoen. Et muss ee just zu deene richtege Saache gräife kënnen.


Äre Commentaire