Richteg Ofhuelen: 4 Gewunneschten, déi ee besser si léisst

RTL - 28.08.2012, 18:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.08.2012, 18:32 | 0 Commentaire(n)

Wann Dir e puer Kiloe wëllt verléieren, da sollt der drop oppassen, folgend Tipps an ärem Alldag ze behäerzegen!

Een éischte Punkt, dee beim Ofhuele vu villen ënnerschat gëtt, ass de Schlof. Ze vill oder ze wéineg dovu kann d'Hormoner verréckt spille loossen, wat gären emol an Honger ëmschloe kann an natierlech net grad virdeelhaft ass, wann een ofhuele wëll. Tëscht 6 a 9 Stonne Schlof sinn optimal!

Et hëlleft dann och näischt nëmmen dorop opzepassen, wat een ësst, wann een dobäi di ganzen Zäit Softdrinks wéi Cola oder Limonad zou sech hëlt. Dës Produiten enthalen nämlech onwahrscheinlech vill Zocker an erschwéieren d'Ofhuelen enorm!

Dann ass et awer och wichteg, net ze schnell z'iessen! D'Gefill sat ze sinn, stellt sech am Gehir nämlech eréischt no ongeféier 20 Minutten an - soulaang braucht de Mo, fir di entspriechend Signaler ze senden - a jee méi een an der Zäit da scho giess huet, desto méi Kalorien huet een natierlech och zou sech geholl. Dowéinst sief also recommandéiert, méi lues ze maachen!

Zu gudder Lescht sollt een da beim Iessen och net op de Präis kucken nom Motto: "Dee ganze Menü ass nëmmen e bësse méi deier wéi en eenzelne Plat; dann huelen ech de Menü!", mä sech villméi dorop konzentréieren, nëmmen souvill z'iessen, wéi een Honger huet.

Wann dir dës Rotschléi befollegt, dierft dir schonn um richtege Wee sinn, dem Draamgewiicht méi no ze kommen. Natierlech kann et dann awer och ni schueden, sech vu professioneller Säit en Ernährungsplang zesumme stellen ze loossen, fir den iwwerflëssege Kiloen nach méi effektiv de Kampf unzesoen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!